Reaktioun Ombudscomité Fëmmverbuet
Mat Befriemen huet den Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand déi rezent Aussoe vun der Mëttelstands -Ministesch zur Kenntnis geholl et sollt een nach emol iwwert de Fëmmverbuet nodenken an de Wiert de Choix loossen.
D 'Logik vun der Ministesch gesondheetlech Considératioune wirtschaftlechen Intressen ze affere kënne mir absolut net novollzéien, egal wéivill Milliounen e Casino investéiert huet an Infrastrukturen, déi den Damp ofzéien.
Aufgab vun der Politik ass et, Gesetzer am Intressi vu senge Bierger an net vun eenzelne Lobbyen ze maachen.
Grad wat de Jugendschutz betrëfft ass et apaart wichteg, dass et endlech zu engem komplette Fëmmverbuet an alle Cafée kënnt, d.h. op deene Plazen, wou Jonker zesummekommen.
D 'Diskussioun ass laang genuch gefouert ginn, d 'Regierung war sech eens an huet sech engagéiert.
Den Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand wëll iwwert dëse Wee dem Gesondheetsminister de Réck stäipe fir déi zweet Phase vum Gesetz wéi ugekënnegt - an ouni Light-Versioun - sou séier et geet op den Instanzewee ze ginn.
|
||||||
|
|
||||||