D’Lynn an de Charel
Wou komm mer hier a wou gi mer hin ?

A Kanner si virwëtzeg – si wëlle wëssen, wou se hierkommen a si froen dono.

All Meedchen an all Jong huet ee Recht op eng kandgerecht Sexualerzéiung, egal a wat fir enger Famill hatt oder hie grouss gëtt. Ech fannen et wichteg, mat de Kanner oppen a sachlech iwwert hir Froen ze schwätzen.

Dëst Buch riicht sech virun allem u Kanner aus dem 4., 5. a 6. Schouljoer, oder un déi, déi sech déi Froe schonn éischter stellen. Et soll de Kanner Äntwerten an Ureegungen zum Gespréich ginn.

Dobäi gëtt niewent dem reng biologeschen Aspekt virun allem déi schéin a loschtvoll Säit vun der Sexulitéit ugesprach.Déi zwou Saachen an nach villes méi, gehéiren zur Fro :

Wou komm mer hier a wou gi mer hin ?

Auteur : Christiane MEHLINGER
Editeur : Imprimerie Centrale S.A.
Année : 2004