Den Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand.

Eng Missioun
Initiativen
Virschléi

Eng n e u t r a l Kontakt-Plaz fir d'Kannerrechtskonventioun zu Lëtzebuerg bekannt
ze maachen, an dorfir ze suergen, datt si respektéiert gëtt.

All Kanner op der Welt hunn déiselwecht Rechter. Jidfer Mënsch soll dës Rechter
kennen, fir datt si esou besser respektéiert ginn, datt d'Kanner besser
nogelauschtert kréien an datt si och e Gefill fir d'Rechter vun deenen anere kréien.

10 vu 54 Rechter aus der Kannerrechtskonventioun erausgepickt:

• Recht op Léift a Respekt
• Recht op eng Identitéit, en Numm an eng Nationalitéit
• Recht Kontakt mat der Mamm a mam Papp ze hunn.
• Recht op Erzéiung
• Recht virun all Form vu Gewalt geschützt ze ginn.
• Recht sech fräi auszedrécken a seng Meenung ze soen.
• Recht ze laachen, ze spillen an ze dreemen.
• Recht op Gläichberechtegung tëscht Meedercher a Jongen
• Recht net ausgenotzt ze ginn.
• Recht op anstänneg Liewesmëttel an Ernährung


Adresse:
Ombuds-Comité fir d'Rechter vum Kand
2, rue Fort Wallis
L-2714 Lëtzebuerg
Telephon: 26 123 124
Fax: 26 123 125
Email: marhork@pt.lu


Wat bedeit "Ombuds-Comité fir d'Rechter vum Kand"?


Duerch e Gesetz vum 25. Juli 2002 hunn d'Regierung an d'Chamber den
Ombuds-Comité fir d'Rechter vum Kand (ORK) gegrënnt. D'Membere vum ORK
sinn duerch de Grand-Duc ernannt, a si schaffe ganz onofhängeg an neutral.

Hir Missioun ass d'international Kannerrechtskonventioun ëmzesetzen, déi
den 20.11.1989 bei der UNO ënnerschriwe gouf, an zu Lëtzebuerg 1993
ratifizéiert ginn ass.

Präsidentin: Marie Anne RODESCH-HENGESCH,
Ombudsfra fir d'Rechter vum Kand
Vize-Präsident: Robert SOISSON, Psycholog
Memberen : Valérie DUPONG, Affekotin, Caroline MART, Journalistin,
Monique FEY-SUNNEN, Infirmière graduée en pédiatrie, Präsidentin vun der Initiativ Liewensufank a.s.b.l.
Jean-Jacques KOHN, Enseignant a Vertrieder vun der FNEL
Den ORK ass den 20. November 2002 fir 5 Joer ernannt ginn.

Firwat ass den Ombuds-Comité fir d'Rechter vum Kand agefouert ginn?
D'Chamber huet op Fuederung vun enger Rei Organisatiounen, déi sech schons
Joere laang mat Kannerrechter ofginn, e Gesetz gestëmmt. Et ass immens
wichteg, en oppent Ouer fir d'Kanner an déi Jugendlech ze hunn, fir hir Suergen
unzehéieren an hire Ruff no Hëllef eescht ze huelen.

Wat sinn d'Aufgabe vum ORK?
Eis Missioune stinn am Gesetz vum 20. Juli 2002:

1.


Eng Zesummestellung an eng Analyse vun allem ze maachen, wat zu Lëtzebuerg besteet, fir d'Kanner ze schützen, a fir eventuell Verbesserungsvirschléi
ze bréngen.
2.

Mir hunn d'Méiglechkeet, eis Meenung zu Gesetzesprojetën a Reglementer
ze soen, déi Kannerrechter uginn, an Ännerungen ze proposéieren.
3.

Mir informéieren iwwer d'Situatioun vun de Kanner, a mir suergen datt
d'Kannerrechtskonventioun respektéiert gëtt.
4.

Mir maachen eemol am Joer e Rapport u Regierung a Chamber iwwert
eis Aktivitéiten an iwwer d'Situatioun vun de Kannerrechter zu Lëtzebuerg.
5.

Mir suergen derfir, datt d'Kanner d'Méiglechkeet hunn, sech fräi auszedrécken,
an datt si aktiv bei alle Froe matmaache kënnen, déi mat hinnen ze dinn hunn.
6.

Mir ënnersiche Situatiounen zu Lëtzebuerg, wou d'Kannerrechter net respektéiert
goufen, a mir maache Rekommandatioune fir se ze verbesseren.
7.


Mir huelen Informatiounen, Kloen a Reklamatiounen vun de Kanner selwer op,
a mir versichen ze vermëttelen a Rotschléi ze ginn, fir datt d'Kanner esou gutt
ewéi méiglech geschützt sinn.
8.

Mir maachen och an eenzele Fäll Rekommandatiounen a gi Rotschléi,
déi am Interesse vum bescht méigleche Schutz vum Kand sinn.

Mir kënnen als ORK a privat an öffentlech Institutioune goen, déi Kanner op iergend
eng Manéier ambulant oder stationär betreien, an do Abléck an hiren Dossier hunn.


Wien kann d'Ombudsfra (Präsidentin) chargéieren, déi de Comité fir d'Rechter
vum Kand vertrëtt?





All Kand a Jugendlechen ënner 18 Joer, deem seng Rechter op iergend eng Manéier net repektéiert goufen. Si kënnen sech fräi ausschwätzen an hir
Meenung soen. Si mussen net onbedéngt e Bréif schreiwen, eng E-mail oder
en Telephon geet duer!


Elteren oder Erzéiungsberechtegter vun engem mannerjäerege Kand,
deem seng Rechter net respektéiert goufen.



Associatiounen an Institutiounen déi Kanner betreien, an déi e Messtand
wëlle melden, wat am Sënn vun der Kannerrechtskonventioun an eisen
nationale Gesetzer net an der Rei ass.


Den Ombudscomité ka sech selwer mat Situatioune befaassen,
wou d'Kannerrechts-konventioun net korrekt applizéiert ginn ass.


Wéi kann een den Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand mat
eppes chargéieren?



D'Präsidentin kann direkt kontaktéiert ginn. Si empfänkt op Rendez-Vous, Dënschdes an Donneschdes mëttes, tëscht 14.30 a 17.00 Auer.




Si kann och schrëftlech kontaktéiert ginn. Jidfer Interventioun ass gratis. D'Präsidentin an d'Membere vum Comité sinn un d'Beruffsgeheimnis gebonnen. D'Kanner musse wëssen, datt soss keen dat gewuer gëtt, wat si der Ombudsfra soen, wann si dat net wëllen.



D'Präsidentin intervenéiert och an akuten Noutsituatiounen; wann et muss
sinn mécht si de Kontakt matt aner Organisatiounen a kann och a schlëmme
Fäll d'Justiz aschalten.


Wéini kann den Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand chargéiert ginn?
Den Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand probéiert de Problem aus engem anere Bléckwénkel ze kucken, an zum bescht méigleche Wuel vum Kand ze handelen,
ouni sech an eng geriichtlech Prozedur anzemëschen.